Zusammenfassung der Episode
Wat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.
Wat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.
Folgen
Ukranian Lessons
GehörtWat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.
Filmkriticken: "Coward" + "Karma"
GehörtDe belsche Realisateur Lukas Dhont setzt a sengem Drama "Coward" d'Léift tëschent zwee Zaldote virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich an Zeen. Eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten, ass de Sujet vum Guillaume Canet sengem Thriller "Karma". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.
De Prix Marcel Duchamp 2026 fir Brognon-Rollin vu Lëtzebuerg
GehörtGëschter owend ass am Musée d’Art Moderne zu Paräis de Kënschtlerduo Brognon-Rollin, vu Lëtzebuerg, mam Prix Marcel Duchamp ausgezeechent ginn. Dat hutt dir eventuell scho bei eis an den Neiegkeeten héieren. Mee woufir steet eigentlech de Präis an eben och den Duo Brognon-Rollin? Dat erkläert iech elo d’Kerstin Thalau.
South Park
GehörtDéi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen
GehörtVirun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat si eng 3’000 Opnamen zesummen, op deenen net si, ma bal apathesch bal gerëselt Francis-Bacon- bis David Lynch änlech Fratzen an der Däischtert ze erkenne sinn. Gëschter owend hat d’Véronique Kolber de Psycholog Sacha Bachim fir eng Konferenz an hier Expo invitéiert. D’Kerstin Thalau war do an ass méi iwwert d’Relatioun Trauma a Konscht gewuer ginn.